Gestion Autorisations
Gebrauchsuleedung
×
Menu
Index

3.3. Statec & Sevi

Ab der Versioun 2020.R2.01 hu mir de Système vum STATEC & SEVI geännert. Elo brauch e keen Code 0,1,2,3 oder 9 unzegin, ma einfach unzeklicken.
 
 
Eng kléng Erklärung iwwert de SEVI.
 
ALLES wat beim STATEC déclareiert gëtt soll och beim SEVI déclareiert ginn. Mat e puer Ausnahmen. Punkt 5.5 (STATEC Lëscht) église, mouvement , solle net considéréiert ginn. 
De Punkt 6.3 travaux de façade, antennes, panneaux solaires, enseinges, échaffaudage sollen och NET op Lëscht. VELUX a Stationnement MUSSEN awer drop!
 
 
Waat d'colonne "habitable depuis le" ugeet esou schwëtzt d'Bewertungsgesetz do vun "Bezugsfertigkeit", domat ass deen Datum gemengt wou een chantier ofgeschloss ass a wou e Gebäi kann benotzt (bureau, commerce etc) oder bewunnt (Haus, Appartement) ginn. Bei engem agrandissement vun engem schon bestehenden Wunnhaus zum Beispill wär daat also den Datum wou den neien Ubau kann genotzt ginn. Ganz wichteg ass et ze wëssen wéi déi steierlech Interprétatioun do ass: am Kloertext ass e Gebäi ze bewerten vun deem Moment un wou et kann bewunnt ginn, sollt en Haus also aus irgendwelchen privaten Grënn vum Eegentümer eréischt méi spéid verlount oder bewunnt ginn, esou ass daat fir de Stëchdaag vun der Bewertung ouni Afloss, mir kucken exact wéini de parachèvement vun der Konstruktioun war.